E Bam fir all Mini Awunner aus der Gemeng Rammerich


Ueschdrëf: Am Kader vum Dag vum Bam an am Verlaaf vun enger klenger Feier beim Festsaal zu Ueschdrëf, hun all kleng Kanner, di tëschent dem Oktober 2024 an dem September 2025 op d’Welt komm sin, mat hiren Elteren, e Bam no hirer Wiel vun der Gemengeverwaltung Rammerich, geschenkt kritt. A senger Ried huet d’Myriam Binck als Buergermeeschter aus der Gemeng vermierkt, dat, mat der Geburt vun engem Kand ganz vill Bräich verbonne sin an eent dervun ass planzen vun engem Bam als Zeechen vun engem neie Liewen. Ee Bam huet och vill Facetten. Am Fréijoer deet de Bam engt neit Kleed un an och Schutz a Schied mëcht fir Mënsch an Deier an duerno eis beschenkt mat gudde Friichten. An och am Hierscht wou de Bam, Abschid hëllt mat engem schéine Farwekleed souwi och am Wanter de Stuerm a Wand aushällt. Esou wi de Bam seng Wuerzelen fest am Buedem stin, sou soll een och a schwéieren Zäiten zu senge Kanner stoen a vermëttelt hinnen e fest Wuerzelwierk fir seng Famill. De Mount November ass bekanntlich de Mount vum nationalen Dag vum Bam hei zu Lëtzebuerg a setzen haut och symbolisch mat de Kanner, Elteren, de Vertrieder vun der Gemeng, dem Technischen Dingst an der ANF, eng Ahorn hei zu Ueschdrëf hannert dem centre culturel.. Bei enger deftiger Zopp an engem Patt am Festsall huet dess schéin Bamaktioun hire würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)