Chorale Sainte Cécile Aspelt asbl um Tour.

E Samschdeg, den 1. Oktober 2022, hu mir vun der Geleeënheet profitéiert, am Kader vun dem internationale « Bird Watch Day », een Tour an den Biodiversum op Rëmerschen ze maachen. Ënnert der kompetenter Féierung vun dem Här Raymond Gloden krute mir déi néideg Informatiounen, wéi dësen eenzegaartegen Komplex am Laf vun der Zéit entstanen ass, a wéi en sech haut duer stellt. Och konnte mir op engem Trëppeltour duerch d’ Weieren gesinn, wéi verschidden Vullen beréngt gi sinn. Eis Leit waren begeeschtert.


No dem Mëttegiessen am Chalet op dem Weier ass et dunn op Schengen gaang. Op der Place de l’Europe, mat sengem Europa Musée, konnte mir engem virbildlechen Virtrag iwwert den komplexen Historik vun dem europäeschen Integratiounsprozess nolauschteren.


Eis Leit waren sech eens : Et muss net ëmmer wéit ewech sinn ; och bei eis Doheem ass et derwäert, op den Tour ze goen !