Fraen a Mammen Uespelt verdeele Suen

En Dënschdeg den Owend, um 19:30 Auer haten d'Fraen a d'Mammen vun Uespelt an den Préau vun dem Centre Culturel agelueden. Hei ass, an enger klenger, sympathescher Feier, den Erléis vun dem dësjärege Bazar, deen dëst Joer scho fir déi 41. Kéier organiséiert gouf, un 3 ausgewielten Organisatiounen verdeelt ginn.

Je 4.000 Euro kruten d'Sozialaktioun vun dem Parverband Fréiseng an den Kolping Lëtzebuerg.

De Parverband gebrauch dëst Geld fir d'ONG Vatelot, déi an Afrika en Atelier fir Protheesen ënnerstëtzt, deen sech haaptsächlech ëm krichsgeschiedegt Kanner këmmert.

Kolping Lëtzebuerg sëtzt hiert Geld och an Afrika an, an zwar am Kongo, wou si Material fir eng Kantin kafen, wou manner bemëttelt Leit eng Molzecht den Dag solle kréien.

2.000 Euro ginn un d'Kierch Uespelt. Dësen Don fléisst an d'Restauratioun vun dem Kräizwee an der Uespelter Kierch.

Bei engem klenge Buffet, deen vun de Fraen a Mammen selwer zoubereed gouf, a wou d'Gemeng den Eierewaïn gestëft huet, haten d'Leit Zäit iwwert deen nächsten Bazar no ze denken.