Gaart & Heem Uespelt asbl - Strecken fir de gudden Zweck


Dat war de Motto, ënnert deem 17 Dammen, ënnert der kompetenter Leedung vun der Madame Malou Duhr-Spini, déi ganz Wantersaison 2019-2020 déi schéinsten Pulloveren, Schaler, Jacketten asw. gestreckt hunn. Vill Woll gouf verschafft, vill gutt Rotschléi si gär ugeholl ginn, a vill gutt Laun huet d'Leit aus dem Cours dozou beweegt, och dat nächste Joer virun ze fueren. Awer dunn huet Covid e Strich duerch d'Rechnung gemat.

Sou wéi Ufanks geplangt, konnt den Erléis vun dem Cours, nämlech d'Aschreiwungsfraisen vun insgesamt 850 Euro, net mat offizieller Scheckiwwerreeschung statt fannen. An der Tëschenzäit ass den „Don“ awer bei der Fondatioun „Kriibskrank Kanner“ ukomm .

Dëse Wanter leeft nach emol de Cours, awer situatiounsbedingt, ënnert CovidCheck Konditiounen. An dës Kéier stinn direkt 2 Monitricen zur Verfügung. Et sinn, wéi schonn virdrun, d'Madame Malou Duhr-Spini, an nei derbäi kënnt d'Madame Pascale Wallenborn-Genson. Si huet sech spezialiséiert op wölle Strëmp, a kënnt domat enger spezifescher Ufro entgéint.

Grad ewéi virdrun steet elo scho fest, dat eis Monitricen hiert Wëssen gratis vermëttelen, an den Droit d'inscription dëst Joer wärt u „Kolping Lëtzebuerg“ goen.

Foto vun der Ofschlossfeier vum Cours 2019/2020