Uespelt: Päiperlekstour mat dem SIAS

E Samschdeg de Mëtteg, 3.8.2019, hat den Ëmweltsyndikat SIAS zu engem Päiperlekstour op Uespelt invitéiert. Wann och, wéinst der staarker Dréchent vun deene lëschte Wochen, gekoppelt mat der immenser Hëtzt, nët méi sou vill an der Bléi war, wéi gewéinlech, sou konnten dach awer eng Partie Päiperleken gefaangen, a bestëmmt ginn. Et war e flotten Nomëtteg, léierräich, interessant a ureegend. Esou Aktiounen, wou d‘ Natur eis erëm méi no bruecht gëtt, musse weider goen.


Et ass drop higewise ginn, wat fir Wiesselwirkungen et tëschent Päiperleken an hiren Fuderplanze gëtt, wéi wichteg d‘ Erhalen vun gesonden Biotopen ass, wat fir Moossnamen kënnen ugewannt ginn, fir souwuel an der Landwiertschaft, awer och doheem, am eegene Gaart, Zonen ze schafen, wou dës Déieren eng Chance hunn, net nëmmen ze iwwerliewen.