Aachten Mondorfiade

Vum 9. bis den 12. Juli war déi aachten Mondorfiade ugesot. Donneschden den Owend war zu Munneref mam Buergermeeschter Lex Delles. Pünktlech hunn d'Wolleken sech verzunn a wou d'Loft sech geluecht hat, konnt et lass goen. Dreamcatcher huet Zuschauer mat hirer flotter Musek ënnerhalen iwwerdeems d'Kanner hire Furri mat deene klengen ferngesteiert Ballonen haten. Hei hu si och Hand uleeën dierfen.

Dräi vun deene richtegen Montgolfièren goufen opgeblosen a wou se bis opgeriicht waren si se mam Buergermeeschter u Bord a Richtung Frankräich geflunn a konnten esou nach e schéine Sonnenënnergang genéissen. Dee ganze Weekend (ausser de Sonndeg den Owend) iwwer ass d'Wieder super bliwwen wat jo fir esou een Evenement ganz wichteg ass. Déi aner Deeg ass entweder zu Réimech oder op der Millen zu Uespelt gestart ginn.