Jugendaustausch zu Munneref (23.-29. Juli 2022)

D'Jugendstuff vun der Munnerefer Gemeng, mat der Ënnerstëtzung vun Anefore, huet Jugendlecher aus hire Partnerstied (Cabourg (F), Chur (CH), Terracina (I), Vale de Cambra (P)) wärend enger Woch e flotte Programm ugebueden: Geocaching am Mëllerdall, Visitt vum Veianer Schlass, Stand-up paddle um Baggerweier, Vëlostour laanscht d'Musel, Wenzel Tour an der Stad, Fair Trade Rallye am Park, Visitt vum Schenge Musée, Barbecue beim Lagerfeier a villes méi...

D'Jugendlecher krute villes vu Lëtzebuerg gewisen, mee all Owend war et och un engem aner Grupp säi Land virzestellen. An am wichtegsten war de Spaass bei der Saach an déi vill Frëndschaften, déi geschloss goufen.