Scheck Iwwerreechung vum 30. Munnerefer Chrëschtmaart

D’Gemeng Munneref, vertrueden duerch de Buergermeeschter Steve Reckel an de Michel Raguet, Coordinateur vum Munnerefer Chrëschtmaart, huet de kompletten Erléis vun de Standgelder vun der 30. Editioun vum Chrëschtmaart un d’Fondation Kräizbierg (Domaine Schoumansbongert) zu Fréiseng gespent. Dësen Home huet 2004 seng Dieren opgemaach a ka bis zu 56 Persoune mat engem Handicap ëmfänken.

E grousse Merci un all d’ Participanten vum Chrëschtmaart