Nohaltegkeet mécht Schoul

Campagne zur Ëmweltsensibiliséierung an der Primärschoul zu Munneref.


D'Schüler aus dem Cycle 3.2 a 4.1 ware mat voller Begeeschterung dobäi. D'Zil vun dësem Projet, dee vum Klimapakt Team vun der Munnerefer Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der "Energiagence", initiéiert gouf, war et de Jonken Ëmweltwëssen an ëmweltgerecht Verhalen ze vermëttelen.

A sechs Moduler si verschidden Themen behandelt ginn, wéi Nohaltegkeet, Energiequellen, richteg Heizen a Lëften, Stroum spueren, Waasser a Pabeier.

Zum Schluss war all Schüler houfereg säin Zertifikat entgéint ze huelen.