Mondorf-les-Bulles - Presentatioun vun enger BD

D'Gemeng Munneref ass houfereg seng BD "Mondorf-les-Bulles" virzestellen

D'Kënschtler, Lucien Czuga, Marion Dengler, Andy Genen, Sabrina Kaufmann, Nadine Scholtes, John Rech, Pascale Velleine, hu bei der Presentatioun de Visiteure en Abléck hannert Kulissen ginn. Si hu Schrëtt fir Schrëtt gewisen, wéi hir Geschichten an hir Planchen entstane sinn.
Dono sinn déi interesséiert Keefer mat gemoolten Dedicacen vun all den Auteure vun der BD belount ginn.

Am selwechte Kader hunn d'Schoulklassen aus dem Zyklus 4 un engem Workshop Deel geholl, wou si selwer eng BD entworf a gemoolt hunn.

D'BD "Mondorf-les-Bulles" enthält 5 verschidde Geschichten iwwer Munneref, den Thermalismus, de Casino, de John Grün an d'Synagoge a kann op lëtzebuergesch an op franséisch am Munnerefer Gemengenhaus an am Syndicat d'Initiative Mondorf, esou wéi an enger Rei Librairien uechter d'Land fir 18EUR kaf ginn.


Merci dem Ministère de la Culture fir seng finanziell Ënnerstëtzung.