Mam Lëtzebuerger Militär an Ex-Militär zu Verdun

E Samschden den 30. September hate 35 Memberen a Frënn vun der „Association Grand-Ducale des Militaires et Anciens Militaires Luxembourgeois“ sech zesummefonnt fir d’Schluechtfelder aus dem éischte Weltkrich zu Verdun ze besichen. Wéi mir géint 10 Auer ukomm sinn ass et direkt mat der Visite vun der „Citadelle Souterraine“ ugaangen. Do si mir mat engem Zichelchen a klenge Gruppen derduerch gefuer, wou mir dann och Commentairë kritt hunn déi mat wonnerschéinen Hologrammen ën

nermoolt waren.

Mëttegiesse war an engem Restaurant zu Verdun, wou Buffet bestallt war. D’Reaktioune vun onse Leit: Et huet geschmaacht.

Nom Iessen hate mer dann eng Visite guidée mam Bus op der rietser Säit vun de Schluechtfelder, wou mir ganz interessant Erklärunge vun engem Guide kritt hun. Duerch den Fort Douaumont si mir zou Fouss gaangen an de Guide huet déi ofwiesslungsräich Geschicht vun deene Maueren während dem Krich explizéiert. Den Héichpunkt vum Dag war wierklech d’Visite vum „Ossuaire de Douaumont“, wou en Dokumentarfilm mam Titel „Des hommes de boue“ gewise ginn ass. No deem Film huet e ronderëm nëmmen nodenklech Gesichter gesinn. Den Ofschloss vum Tour huet dann de „Mémorial-Musée de la Bataille“ gemaach.

Et kenn een, duerch dat wat mir gesinn an erzielt kritt hunn, net vun engem schéinen Dag schwätzen, mä et war e gelongenen Dag mat villen Impressiounen vun enger grujeleger Zäit, déi leider sou oft vergiess gëtt. Onse Frënn Léon Sunnen hat sech erëm vill Méi gemaach fir senge Leit en memorabelen Ausfluch ze proposéieren.