Éierung bei de Lénger Trapper

Viru kuerzem huet de Wanderveräin „Lénger Trapper“ hier Assemblée Générale am Centre Sportiv zu Lénger duerchgezunn. D’Presidentin Pierrette Linden huet d’Versammlung ugefaange mat der Begréissung vun den Éieregäscht, dem Här Richard Sturm, Schäffen an der Gemeng Käerjeng, d’Madamm Chantal Klein vun der FLMP, an d’Häre Léon Lentz a Claude Fisch vum Käerjenger Syndicat d’Initiative  a selbstverständlech de Membere vum Veräin. E grousse Merci ass dann un d’Gemeng gaange fir hier Hëllef während dem Joer. Un d’Häre Roger a Camille Niederkorn ass dann och e Merci gaangen, well si dem Veräin hir Wiss opmaachen fir als Parkplaz ze benotzen.

Duerno komm eng Gedenkminutt fir déi Memberen, déi ons leider am Laaf vum leschte Joer verlooss hunn.

De Sekretär Emile Lucas huet de Rapport vum Joer presentéiert, wou d’Haaptaktivitéit de Marsch vum 9. Abrëll war. Mat 1082 Participante kenn een den Dag roueg als en groussen Erfolleg buchen. Hei och e grousse Merci un all déi vill Läit déi deen Dag bénévol am Asaz waren.  De Veräin huet bei allen offiziellen Festivitéiten vun der Gemeng deelgeholl a war och mat 5 Läit op der Wander-Olympiad zu Koblenz mat derbäi. D’Membere vun de Lénger Trapper waren dann awer och bei de Wanderungen aktiv. Si hunn bei net manner wéi 67 verschiddene Veranstaltungen hei am Land mat 676 Startkaarten deelgeholl nieft enger ganzer Rei vu Permanente Wanderweeër an de Participatiounen am Ausland.

De Keessjee Christian Klein huet e kloren Keeserapport presentéiert mat enger ganz gesonder Finanzlag an huet ouni Problem d’Decharge vun der Versammlung kritt.

No deem sech kee neie Kandidat fir an de Comité gemellt hat, ass de Comité wéi am leschte Joer bestätegt ginn: Pierrette Linden, Presidentin, Christian Klein, Vize-President a Keessjee, Emile Lucas, Sekretär, an de Membere Marc a Serge Bertemes, Alain Klein an Nicole Lucas. Als neie Keeserevisor huet de Steve Schmit sech gemellt, sou dass elo mam Germaine Becker erëm zwee Keeserevisoren am Veräin sinn.

Den Här Sturm vun der Gemeng an d’Vertriederin vun der Federatioun, d’Madamm Klein, konnten an hire Rieden de Veräin fir hiren Asaz nëmme luewen.

Als bal wichtegsten Deel koum d’Auszeechnung vu verschiddene Membere fir hier Participatiounen un de Wanderungen. An zwar waren dat fir tëschent 30 an 49 Wanderunge Steve Schmit, Liliane Zimmer, Manon Bertemes, Serge Bertemes, Henri Bürger, Nicole Lucas an Emile Lucas, tëschent 50 an 69 Participatioune war dat Josette Burg, op iwwer 70 Wanderunge si komm Pierrette Linden, Lucien Linden a Christian Klein. Si kruten als Merci eng Enveloppe iwwerreecht. Nodeem d'Versammlung opgeléist war ass dee gemitterlechen Deel ugaange mat engem gudde Patt, Bréidercher an Taart souwéi enger Taass Kaffi. Et war kee presséiert fir Heem ze goen, well deen zweeten Deel vum Owend huet däitlech méi laang gedauert wéi d’Versammlung selwer.