Um Picknick beim "Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale"

E Samschden, den 8 Juli huet de Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale (C.A.G.G.-D. d'Garde) säin 22. Pique-Nique Souvenir zu Beefort organiséiert, an zwar am Bësch nieft der Strooss Beefort-Dillingen. Net grad 50 Memberen a Frënn haten sech dëst Joer an der Géigend vun de Stellunge vun der amerikanescher Arméi während dem 2. Weltkrich zesummefonnt. Dat ass all Joer de grousse Rendezvous fir éischtens emol de Kontakt ënnerenaner net ze verléieren an d’Frëndschaft oprechtzeerhalen, déi am fréiere Corps de la Garde Grand-Ducale existéiert huet.