Generalversammlung beim Wanderveräin "Lénger Trapper"

Viru kuerzem huet de Wanderveräi „Lénger Trapper“ hier Assemblée Générale am Centre Sportiv zu Lénger virun engem gutt besate Sall ofgehalen. D’Presidentin Pierrette Linden huet d’Versammlung ugefaange mat der Begréissung vun den Éieregäscht, der Madame Thill, Präsidentin vun der Chorale Sängerbond Lénger, an dem Här Marcel Barbier vun der Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire, sowéi de Membere vum Veräin. Duerno komm eng Gedenkminutt fir déi Memberen, déi ons leider am Laf vum leschte Joer verlooss hunn.

De Sekretär Emile Lucas huet de Rapport vum Joer presentéiert, wou d’Haaptaktivitéit de Marsch vum 15. Abrëll war. Mat 1188 Participante waren et der erëm weider wéi dat Joer virdrun, méi hätt de Veräin der awer schwiereg am Centre Sociétaire gepackt. Hei e grousse Merci un all déi vill Läit déi deen Dag bénévol am Asaz waren.

De Veräin huet bei allen offizielle Festivitéite vun der Gemeng deelgeholl a war och mat 5 Läit op der Wander-Europiade op Sizilien mat derbäi. D’Membere vun de Lénger Trapper waren dann awer och bei de Wanderungen aktiv. Si hunn bei net manner wéi 62 verschiddene Veranstaltungen hei am Land mat 587 Startkaarten deelgeholl nieft enger ganzer Rei vu Permanente Wanderweeër an de Participatiounen am Ausland.

De Keessjee Christian Klein huet e kloren Keeserapport presentéiert mat enger ganz gesonder Finanzlag an huet ouni Problem d’Decharge vun der Versammlung kritt.

De Comité ass wéi am leschte Joer bestätegt ginn: Pierrette Linden, Presidentin, Christian Klein, Vize-President a Keessjee, Emile Lucas, Sekretär, an de Membere Marc a Serge Bertemes, Alain Klein an Nicole Lucas. Keeserevisore bleiwe Germaine Becker a Steve Schmit.

Als Vertrieder vun der Federatioun ass den Här Marcel Barbier haaptsächlech op d’Problematik vun de Plastiks Becheren agaangen an huet nach eng Kéier drun erënnert dass een säin eegene Becher soll mat op d’Wanderungen huelen.

Als Schluss vun der Generalversammlung koum d’Auszeechnung vu verschiddene Membere fir hier Participatiounen un de Wanderungen. An zwar waren dat fir tëschent 30 an 49 Wanderunge Manon Bertemes, Serge Bertemes a Liliane Zimmer, tëschent 50 an 69 Participatioune waren et Josette Burg, Nicole Lucas an Emile Lucas, op iwwer 70 Wanderungen si komm Christian Klein, Pierrette Linden a Lucien Linden. Si kruten als Merci eng Enveloppe iwwerreecht. Nodeem d‘Versammlung opgeléist war ass et e gudde Patt, Bréidercher an Taart mat enger Taass Kaffi ginn.