1 Musek + 1 Musek = 1 Concert

Bartreng. Deslescht hunn an der ArcA d‘Musek Keespelt-Meespelt an d‘Bartrenger Musek e Concert ginn. Keespelt-Meespelt huet ënner der Direktioun vum Philippe Noesen gespillt. Op hirem Programm stoungen dës Wierker: Arsenal, Concert March vum Jan Van der Roost, 4 Deeler vu Rapunzel (Bert Appermont), Flying to the skies vum Christoph Walter, Eloise (Paul Ryan, arrangéiert vum Philip Sparke) an 80er Kult(tour) nom Arrangement vum Thiemo Kraas. De Claude Origer huet mat der Bartrenger Musek den éischten Deel vum Concert assuréiert mat de Stécker: Midway March (John Williams), Pixar Movie Favorites, The Phil Collins Collection, Udo Jürgens Live an El Cumbanchero (Rafael Hernandez Marin). E Concert mat zwou Museken huet zu Bartreng schonn eng gewëss Traditioun. De Publikum war begeeschtert an d‘Musikantinnen an d‘Musikante hate vill Satisfaktioun.


Text: Guy Weirich

Foto: Emile Mentz