D‘Bartrenger Musek éiert verdéngschtvoll Memberen

Op Cäciliendag konnt d‘Bartrenger Musek am Kader vun enger Agape eng Rei aktiv Memberen éieren, déi sech wärend ville Joren am Veräin engagéiert hunn. Den Här Emile Krier, Vertrieder vum Conseil d‘Administration de l‘UGDA, huet ënnert dem Applaus vun de Musikantinnen a Musikanten Medailen iwwerreecht u den Nico Bemtgen fir 50 Joer Engagement (médaille en argent Grand-Duc Adolphe), fir 40 Joer un de Pierre Kuffer (médaille de mérite en vermeil avec palmette) a fir 20 Joer un de Patrick Serra (médaille de mérite en argent). Dekoréiert goufe fir hiren 10-järegen Asaz am Veräin d‘Paula Rotink, de Louis Evrard, d‘Lena Roilgen a fir 5 Joer de Charel Breisch. De President huet kuerz d‘Meritte vun den eenzele Memberen, déi am Mëttelpunkt stoungen, ervirgehuewen. Comitésmemberen hunn hinnen e Kado iwwerreecht an dobäi och d‘Partnerinnen net vergiess. Nodeem de Vertrieder vun der Ugda de Geéierte felicitéiert an déi jonk Musikanten encouragéiert hat, sech fir d‘Zukunft vum Veräin anzesetzen, gouf den Owend an enger iwweraus geselleger a flotter Atmosphär zesumme verbruet.