E bësschen Ofwiesslung fir d'Leit an "Les Parcs du Troisième Âge"

Um éischte Sonndeg am Juli huet d‘Bartrenger Musek zesumme mat hirem Jugendensembel, der Bartrenger Hunneband, e Concert virun der Geriatrie „Les Parcs du Troisième Age“ ginn. D‘Musikantinnen an d‘Musikanten hu sech gefreet, fir no laanger Zäit mol erëm zesummen ze spillen. Grad esou frou ware vill Bewunnerinnen a Bewunner vun der Geriatrie, déi an dëser ganzer Corona-Zäit kaum Ofwiesslung haten an elo, op Distanz a vu bannen, der Musek nolauschtere konnten. Ënnert der Direktioun vum Claude Origer goufen ë. a. dës Stécker gespillt: Selections from the Motion Picture Les Misérables (arr. Johnnie Vinson), When You Wish Upon a Star (Leigh Harline), The Lord of the Dance (Ronan Hardiman, arr. Johnnie Vinson), Bohemian Rhapsody (Freddie Mercury, arr. Paul Murtha), Cabaret (John Kander, arr. Inge Sunde).