Fréijoersconcert vun der Bartrenger Musek

Zum Optakt vum Fréijoer huet d‘Bartrenger Musek an hire Jugendensembel, d‘Hunneband, e Concert an der ArcA ginn. De Sall war gutt gefëllt, konnten d‘Leit dach endlech erëm op esou ee Concert goen. Ënnert der Direktioun vum Claude Origer huet als éischt d‘Hunneband dräi Stécker gespillt, dorënner „Shallow“ vu Lady Gaga, arr. Paul Murtha. Déi Grouss Musek hat ë.a. dës Titelen um Programm: Olympic Fanfare and Theme (1984 Summer Games, John Williams, arr. James Curnow), Cry of the last unicorn (Rossano Galante), Mercury (Jan Van der Roost), The Mask of Zorro (James Horner , arr. Jay Bocook). De Claude Origer selwer hat d‘Stéck „Melody“ aus dem Film „The High Mountain Pass“ vum Myroslav Skoryk arrangéiert; et ass dem Ukrainesche Vollek gewidmet a gouf opgeféiert als Geste vu Solidaritéit mat engem Land a senge Mënschen, déi mat enger fuerchtbarer Aggressioun konfrontéiert sinn a schrecklecht Leed erliewen. D‘Sylvie Serra huet dem Public déi verschidde Wierker op eng sachkundeg a flott Manéier méi no bruecht. Gläich 13 nei Memberen, meeschtens jonker, konnt d‘Bartrenger Musek, ganz houfreg a voller Zouversiicht fir d‘Zukunft, am Laf vun deem musikalesch ganz gelongenen Owend dem Public presentéieren. Hire President huet awer och drop verwisen, wéi wichteg fir ee Veräin déi Membere sinn, déi wärend Joerzéngten dem Veräin trei bleiwen. Den nächsten Optrëtt vun der Bartrenger Hunneband ass de 7. Mee um Concert „Mission Percussion“ vu Just Music am Kader vum Bayota, dem Bartrenger Festival fir Jonk Talenter (vgl. www.bertrange.lu/culture-et-sport/bayota). D‘Bartrenger Musek gëtt den 11. Juni e weidere Concert, op deem dann och d‘Musek Keespelt-Meespelt derbäi si wäert.

Text: Guy Weirich

Foto: Mike Steichen