Musek dierf net feelen

Um zweete Sonndeg am Juli war déi traditionell sportlech Manifestatioun "Bartreng beweegt sech". Ënner gudde Wiederkonditioune konnten d'Leit, vun deene verschiddensten Altersgruppen, e Parcours vu 5 oder 7 km zréckleeën - am Goen oder Lafen. Bei där Geleeënheet huet d'Bartrenger Musek zesumme mat hirem Jugendensembel, der Bartrenger Hunneband, ënner der Direktioun vum Claude Origer eng gutt Weil fir Stëmmung gesuergt. D'Musikantinnen an d'Musikanten hu virum Centre Atert gespillt, wou den Depart an d'Arrivée war. Hir Musek huet "Bartreng beweegt sech" e besonnesche Cachet ginn.