Promotioun 1967 vun der Elektrosektioun vum Technikum huet sech erëmgesinn.
um weitere Bilder zu sehen.
50 Joer no dem si hiren Ofschlossexame gemaach haten, hunn sech viru kuerzem 13 vun deenen deemools 24 frëschgebaakten Ingenieur-Techniker vun der Elektrosektioun vum deemolegen Technikum erëmgesi fir dat extra ze feieren.An tëschenzäitlech war de Kontakt awer ni ofgebrach, well di fréier Schoulkollegen hunn sech normalerweis eemol am Joer getraff.Am Laf vun der Zäit gouf et der awer och manner, 5 Kollege konnte leider net méi derbäi, een dovun huet eis eréischt virun engem knappe Mount verlooss.
Um Programm vum Konveniat stoung dës Kéier d’Visite vum CITA zu Bartreng.No enger Aféierung an den Organigramm vun de Ponts et Chaussées hu mir en Abléck an de Kontrollraum kritt. Dësen ass zoustänneg fir d’Iwwerwaachung an Echtzäit vum Stroossennetz am Land.Dono war et un de Garagen, wou di grouss Zuel vu Camionen an der Rei gehale gëtt an elo virum Wanter prett gemaach gëtt fir de Streedingscht kënnen z’assuréieren, dobäi ass eis dann och den enorme Stockage vu Streesalz den néideg ass fir d‘Stroossen äisfräi ze halen, gewise ginn.No der Visite vun den techneschen Installatiounen hu mer dann och nach een Ofstiecher an de Laboratoire gemaach.Hei gëtt mat ganz performant Maschinne Prouwe vu Stroossebaumaterial a vu Betonen getest, fir Sëcherzestellen, datt déi verlaangte Qualitéit och agehale gëtt.
Fir d’Mëttegiessen si mer dann op Mamer an de Restaurant Ultimo gefuer an hunn eis dat gutt schmaache gelooss.Dobäi sinn d’Erënnerungen un di flott Zäit um Technikum an Anekdote vum „Grösste Lehrer aller Zeiten, dem Gandhi" a vun engem vun deenen deemools „ zwee beschte Chemiker am Land“, dem Poldi erëm opgefrëscht ginn.
Alles an allem war et eng gelonge Feier an dofir ass zum Ofschloss och schon den Datum, esou wéi se dat haut nenne “ safe the date“ fir de nächste Konveniat festgeluecht ginn.
(Text/ Foto. ROBERT REDER)