Péiteng. Viru kuerzem hunn d'Andrée an de Robert Reder-Fisch zesummen mat der Famill hir Gëllen Hochzäit gefeiert. Si hu sech de 5.Mee 1969 zu Péiteng op der Gemeng an 3 Deeg méi spéit, den 8.Mee zu Péiteng an der Kierch bestued. D'Koppel huet 3 Kanner kritt de Patrick, den Thierry an de Claude. Ganz stolz sinn si op hir 5 Enkelkanner, Victor, Lynn, Charel, Nik an Tun.
Et war e schéinen Dag an eng flott Feier. D'Famill huet dem Puer all Guddes gewënscht an nach vill Joren derbäi.