Kierzlech hunn d’Ingénieurs-technicien vun der Elektrosektiounsklass 6E vum Technikum aus dem Joer 1967 sech zu Lasauvage getraff fir zesummen de 46. Joeresdag vun hirem Ofschloss ze feieren.
De Konveniat haten dës Kéier de Jos. Marnach an de Robert Reder vu Péiteng organiséirt a si ware frou, dass si hir fréier Schoulkomeraden Armand Biver, Robert Detail, Raymond Don, Ernest Elsen, Eugène Engel, Arthur Hoffmann, Marcel Lorent, Jean Nuss, Marcel Quinet, Pierre Reckinger, Alex Schalbar a Charles Thilgen begréisse konnten.
Fir d’Mëtteniessen war en Dësch am Hotel-Restaurant „ Le Presbytère“ reservéiert ginn an d’Kolleegen hu sech de Menu gutt schmaache gelooss. Duerno war en Trëppeltour duerch dat fréiert Biergaarbechterdierfchen Lasauvage un der franséischer Grenz um Programm.Bei där Geleënheet sinn dann och al Erënnerungen erëm opgefrëscht ginn.
Um Enn vun deem schéinen Dag hunn d’Kolleegen sech d’Wuert gi fir sech dat anert Joer erëmzegesinn. (RRe)