SOS Kannerduerf Lëtzebuerg kritt 2 500 Euro vun der City Concorde

D'läscht Joer hat d'City Concorde decidéiert, dat fir all am Shoppingzenter verdeelte Kleesercherstut, eng kleng Spend un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg gemaach géif ginn.

Den 21. Januar 2020 konnt den Här Max Koster, Direkter vun der City Concorde, de Vertrieder vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg 2 500 Euro iwwerreechen.

Mir soen der City Concorde e ganz grousse Merci.

Op der Foto: Max Koster, Françoise Pütz a Jean-Paul Karpen