2500 Euro vun de Fraen a Mamme vun Iechternach fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Am Kader vun hirer Generalversammlung, de 16. Januar 2020, hunn d'Damme vun de Fraen a Mammen Eechternoach ee Scheck vun 2 500 € un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg iwwerreecht, dat vum Françoise Pütz vertruede war.

Dobäi handelt et sech ëm den Erléis vun hirer traditioneller Willibrordus - Kiermes, déi den 3. November 2019 stattfonnt huet. D'Madamm Josette Zimmer-Heuskin, Präsidentin vun deem dynamesche Veräin, war houfereg datt si des Zomm fir ee gudden Zweck spende konnten.

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg freet sech iwwer dee léiwe Gest, a seet vu ganzem Häerz Merci.