D'Kanner vu Steeën spende fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Och dëst Joer waren d'Kanner vu Steeën zesumme mat hire faarwege Lampionen uechter d'Duerf liichten.

Dëst Joer goungen déi 800 Euro, déi se opgehuewen hunn un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg. D'Schneekegkeeten hunn se natierlech gehal.

D'Equipe vum Kannerduerf freet sech iwwer déi flott Aktioun a seet vu ganzem Häerz Merci.