De Gaart an Heem vun Iernster spent 1 500 Euro un SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Den Iernster Gaart an Heem hat d'Decisioun geholl fir dëst Joer dem SOS Kannerduerf een Don ze maachen.


De Scheck vun 1 500 Euro ass leschte Samschden, de 25. Januar 2020, am Kader vun enger klenger Feier iwwerreecht ginn.

 

Bei der Geleeënheet, kruten d'Membere vum Gaart an Heem, vum Françoise Pütz vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg erkläert wat d'Aktivitéite vum Kannerduerf sinn a firwat Spende gebraucht ginn.

 

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg seet villmols Merci fir dee léiwen Empfank an dee schéine Gest.