Bieckerich: Fir de Buergermeeschter Thierry Lagoda war et viru kuurzem eng besonnesch Freed an Éier dem Claire Mathieu- Peters vu Bieckerich mat enger schéiner Coupe Orchideen an petits- fours zum 85. Gebuertsdag di allerbëscht Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng Bieckerich ze iwerbrëngen. Claire Peters ass den 17. August 1940 als dat eelst vu fënnef Kanner zu Esch- Uelzecht op d’Welt komm. Hir Elteren waren den Jean- Pierre Peters vun Meechtem an d’Thérèse Muller vu Miersch. Den 6. Mee 1966 ass Hochzäit gefeiert gin, mam Edouard Mathieu vu Bieckerich, den sengt deeglicht Brout op der Hadir Déifferdeng bis zu senger Pensioun verdingt huet. Aus dem Bestiednis vun der Jubilarin sin e Jong an eng Duechter erviergaangen. Haut zielt en Enkel an och engt Urenkelkand zum Stoltz vun der Famill Mathieu. Zënter dem Doud vun hirem Mann, Edouard, wunnt d’Claire Mathieu- Peters eleng an hirem Haus zu Bieckerich, wou si sech bei gudder Gesondheet nach wuel fillt. No hirem oprichtige Merci fir de schéine Geste vun der Gemeng, ass d’Glas zesummen erhuewe gin, an op weider gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)