Bierschbech: Di schéin Traditioun, fir hir Matbewunner zu hirem Gebuertsdag ze éieren, ass och fir d'éischt dëst Joer am Cipa- Blannenheem zu Bierschbech weider gefuert gin. An hirer Wëllkommens Ried war d'Madame Carole Theisen, Direktiouns- Beoptragt vum Blannenheem ganz frou, niewt de Gebuertdagskanner awer och de Generaldirekter Thierry Lutgen an de Buergermeeschter Michel Malherbe mat sengen zwéi Schëffen Henri Krier a Daniel Marques, häerzlich ze begréissen. No hire Gléckwënsch mat der Hoffnung op weider gudd Gesondhhet a Freed am Haus, un all Jubilaren déi hiren 80., 85, 90. a 95. Gebuertsdag konnte feieren, war et um Buergermeeschter Michel Malherbe, den och allen Jubilaren am Numm vun der Gemeng Miersch gratuléiert huet. Hien huet a senger Laudatio awer drop gehaalen fir der Féierung vum Blannenheem mam ganze Personal fir di gutt Fleeg vun alle Matbewunner, séi Luef a seng Unerkennung auszespriechen. Natirlich huet de grousse Gebuertsdagskuch bei deser Feier och nit gefeelt. Den Entertainer, Gino, huet och mat flotter Musik fir gutt Stëmmung am Festsall gesuergt. Folgend Jubilare si mat engem passende Kado geéiert gin: 80 Joer: Braun- Huls Elisabeth, Schroeder- Bonifas Marie a Hendriks- Kimmes Liliane. Fir 85 Joer: Beringer- Heinen Nicole, Reding- Schneider Suzette a Robinet- Schmitz Josephine. Fir 90 Joer: Malget- Majerus Constance, Bollig -Scheeck Henriette a Kips Antoine. Fir 95 Joer: Schmit- Hemes Madeleine, Wagner- Gläsener Léonie, Berrend - Vinandy Estelle a Becker- Kerger Fernande. (CR) (Foto: Charles Reiser)