Miersch: Den flotten Nomëtteg vum 22. Januar 2026 wou d’Pensionnären a Schwësteren aus dem Home pour personnes agées vu Miersch fir d’éischt am neie Joer zum Geburtsdag geéiert goufen, waert bestëmmt jidderengem a gudder Erënnerung bléiwen. Et war fir den Direkter Nicky Wintringer mat sengem Team eng ganz besonnësch Éier fir denen 21 Jubilaren déi tëschent dem November an dem Januar gebuere sin, am Numm vum Senioren- Home vu Miersch haerzlich ze gratuléiren an hinnen vill Gléck am neie Joer a weiderhin gesond a schéin Joeren derbéi ze wënschen. Gratulatiounen denen sich d’Sophie Diderrich, Isabelle Wickler, Costa Nelson, Willy Vullers an de Claude Mathekowitsch a Vertriedung vun de Gemengen Noumer, Colmer- Bierg, Miersch an Hëlperknapp sech gären ugeschloss hun. Duerno ass während e puer ganz schéiner Stonnen sech gut amuséiert an och vill gedanzt gin, wou den Entertainer Willy mat sengem gewinnten Humor a flotter Musik fir di richtig Gebuertsdags- Stëmmung am Saal gesuergt huet. Eng Coupe Schampes, e gut gefëllten Teller an engt Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch hun och bei deser agreabler Feier nit gefeelt. Mat enger schéiner Rous sin folgend Jubilaren geéiert gin: Müller Philippe (70 Joer),Goetzinger-Frisch Anny (80), Pletschette Fernand, Da Silva Luisa, Godart- Johanns Josette an Toussaint- Stranen Monique (81). Alen Irmy (83), Antony Jean- Mathias, Scheuer Léon an Kinn Jean (85). Speyer Jean (86). Sr.Thull Gabriele, Garatti-Boentges Marcelle an Schmit- Hansen Denise (87). Achten- Clemens Anne- Marie (89). Pellé- Schaack Marie- Louise , Bock Guillaume an Jacoby- Linden Anne- Marie (90). Wirth- Salentiny Hélène (93). Hilbert Roger (95) an Arendt- Monen Albertine (99). (CR (Foto: Charles Reiser)