No enger pandemiebedéngter Paus hunn sech déi fréier Klassekomerode vun der Promotioun 1964-65 aus der Aackerbauschoul viru kuerzem rëm fir hiren traditionelle Conveniat getraff. De Fernand Goedert an de Fernand Scholtus haaten op d’Beekericher Millen invitéiert. Hei war et eng ganz intressant Visite vun der aler Seeërei mat hire ville perfekt restauréierten a beschtens ënnerhalene Maschinnen. An et gouf eng Rei praktesch Virféierungen wou een dës historesch Technik an Aktioun gesi konnt. No engem Besuch an der traditiounsräicher Käremillen mat ville flotten Exponaten ass et dunn am Restaurant un den Dësch gaangen, wou nach laang iwwer fréier Zäiten an aktuell Themen diskutéiert ginn ass. Fir dat nächst Jar ass de Conveniat rëm méi fréi am Jar geplangt, verbonne mat der Hoffnung, datt dann och rëm eng méi grouss Zuel derbäi ka sinn.