Piusmedaillen beim Gesangveräin Biekerech- Schweecherdaul - Rippweiler


Biekerech: Et gehéiert schon zur enger laanger Traditioun zu Lëtzebuerg, dat den Caeciliendag bei de Musiken a Gesangveräiner gefeiert gëtt. Beim Gesangveräin Biekerech- Schweecherdaul - Rippweiler war dat elo vir kuurzem och de Fall wou den Caeciliendag am Kader vun der Sonndesmass , zelebréiert vum Abbé Jacques Badnoud, gefeiert gin ass. De Fernand Scheller huet de Chouer geleet an op der Uergel soutz den Johnatan Grün. A senger Laudatio ass den Marc Boever, President vum Piusverband op Sënn an Zweck vum Caeciliendag agaangen. E wichtigen Dag vun Dankbarkeet wou d’Memberen och geéiert ginn an och a Gedanken un déi di net kennen derbéi sinn, an och un di léiw Verstuerwen aus Musek a Gesank. Zugläich huet de President un d’Liewen vun der hl. Caecilia erënnert, déi am Joer 180 no Christus gebuer an den 22. November 230 als Märtyrerin op eng onmënschlisch a grausam Aart a Weis gestuerwen ass. Dass Sie als Patréinisch vu Gesank a Musek ginn ass, weess kee ganz genau. Niewt dene ville geopoltischen Konflikter an der Welt könnt och lues a lues de schläichende Bedeitungsverloscht an eiser Kierch, wat eis Ulass zu grousser Suerg an eiser Gesellschaft mat sech brëngt. Bei ville Chorale ass den Altersduerschnëtt relativ héich. Mat eisem Sangen entsteet eng Gemeinschaft, zwëschen deenen déi sangen an deenen di nolauschteren. Mat aerem Sangen a musizéieren schenkt Dir ville Leit schéi Momenter an der Kierch a bei aaner weltlech an kulturell Evenementer. Haut ass den Dag fir jidderengem Merci ze soen am Numm vum Piusverband fir den onermiddlechen Assatz iwert all di Joeren. Duerno koum zur Éierung vun langjährigen Memberen vum Gesank. D’Jacqueline Brauch- Loor an den Jean- Luc Schiltz sin mat der „ médaille en or“ fir 40 Joer Aktivitéit vum Piusverband ausgezeechent gin. Gratulatiounen fir seng 60 Joer am Gesangveräin gouf et fir de Jos Petry, den mat der „plaquette en or“ geéiert gin ass. D’Iwwereechung vun engem Diplom fir di Geéiert mat denen bäschten Gléckwënsch vum President hun dess schéi Feier ofgschloss. (CR (Foto: Charles Reiser)