Réidener Juegdbléiser hun d'Haupeschmass verschéinert


Bieckerech: Zënter 1990 gëtt all Joer d’Haupeschmass an engem aneren Eck vum Réidener Kanton gefeiert. Fir di 32. Kéier haaten och dest Joer di Réidener Juegdbléider an d’Kierch op Bieckerech invitéiert fir d’Mass um Samsden- Owend ze verschéineren. A senger Priedigt ass den Abbé Vincent Billot op d’Legende vum hellegen Hubertus, Schutzpatréiner vun de Jeeër agaangen, den ëmt d’Joer 655 zu Toulouse gebuer gouf an den 30.Mee 727 zu Tervuren verstuerwen ass. Zum Schluss vun der Mass huet hien sech ganz häerzlech bei de Juegdbléiser bedankt, déi an dëser Form och weidergefouert soll gin. Och de Sektiouns- President Guy Schank huet alle Bedeelegten Merci déi un deser 32. Haupeschmass bäigedroen hunn. Mat engem vun de Juegdhornbléiser offréierten Concert am Fakelschein, ënnert der Leedung vum Marc Pletgen, an engem Glas Glühwäin huet dess Haupeschmass hire würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)