James Blunt

James Hillier Blount - besser bekannt als James Blunt wor gëschter Owend am Kader vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" zu Befort. Laang am Viraus ausverkaf hunn d'Zuschauer nit nëmme säin Optrëtt genoss, mais och d'Lightshow, déi op seng Initiativ zu Stane komm ass.

Wäit iwwer 2000 Leit wore méi wéi begeeschtert vum Optrëtt vum britische Singer-Songwriter, deen am Februar dëst Joer seng 40 Joer kritt huet. Och d'Kuliss vum Beforter Schlass huet zum Erfolleg bäibruecht. Am Virfeld vum Concert huet den David Moreto d'Leit op de Concert agestëmmt.

Eng kleng Fotogalerie vum James Blunt an dem Beforter Schlass....