Optakt vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle"

De Lata Gouveia huet gëschter Owend d'Editioun 2014 vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" opgemeet. No sengem Optrëtt koum d'"Manfred Mann's Earth Band" an och "J. Lees' Barclay James Harvest", déi mat Lidd "Hymn" den éischten Owend ofgeschloss hunn.

Haut Samsdeg geet ët viru mat "Doro" a "Wishbone Ash" a muer sti "Ten Years After" a "Kansas" um Programm. Weider geet ët den 30. Juli mat "Revolverheld", 31. Juli: Klaus Doldinger's Passport & Khalifé-Schumacher-Tristano, 1. August: James Blunt (ausverkaf), 2. August: My Fair Lady, 3. August: Patti Smith and her Band, 8. August: Amy MacDonald an den 9. August: Chris de Burgh.

E puer Andréck vu gëschter Owend...