Optrëtt vun "Ten Years After" a "Kansas"

47 Joer no hirem éischten Album ass déi britesch Bluesrock-Band "Ten Years After" gëschter Owend am Kader vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" zu Befort opgetrueden. Mam Keyboarder Chick Churchill an de Batteur Ric Lee sinn nach zwee Membere vun der Originalbesetzung vun 1967 derbäi, déi ë.a. och um legendäre Woodstock-Festival gespillt hunn.

Fënnef Joer méi jonk ass d'Band "Kansas", déi no "Ten Years After" hiren Optrëtt haten. Et wor ee vun de leschte Concertse vum Sänger Steve Walsh. Enn Juni huet hie matgedeelt, datt e géif ophalen. Säi leschte Concert wäert de 16. August zu Sioux City am Iowa am "Hard Rock Hotel & Casino" sinn. Bis dohinner sinn nach ning Optrëtter vun der Band virgesinn.

E puer Andréck vum drëtten Dag "Rock Classics @ Beaufort Castle", déi iwwermuer Mëttwoch, den 30. Juli, mat der Grupp "Revolverheld" viruginn.