Primärschoulskanner vu Beefort ënnerstëtzen "Een Häerz fir kriibskrank Kanner"

D’Kanner aus dem Cycle 4.2 vu Beefort hunn Sue gesammelt fir de gudden Zweck an hunn sech d’Elterevereenegung „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ rausgesicht fir hiren Don. Nodeems si eng Presentatioun iwwert d‘Arbescht mat kriibskranke Kanner kritt hunn, waren d’Schüler aus deenen zwou Klassen nach méi motivéiert anere Kanner deenen et net sou gutt geet ze hëllefen. Hir Iddi war et T-Shirt a Jutebeutel mam Schoullogo ze verkafen, hiert Léierpersonal d’Madamm Marques an d’Madamm Schon hunn si an dem Projet ënnerstëtzt.

D’Kanner hunn am ganze mat hirer Aktioun déi immens Zomm vu 4380.46 € an der Asbl „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ gesammelt an op hirem lëschte Schouldag als Primärschoulschüler zu Beefort am Haff iwwerreecht. Mir wënschen deenen engagéierte Kanner eng schéi Vakanz a vill Gléck fir de Lycée.