„Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous“ - Cäcilienfeier mat sozialem Charakter

Sonndes, den 3. Dezember, op dem éischten Advent, gouf zu Fëschbech an der Kierch dat traditionellt Cäcilienfest geféiert. D’Mass gouf gehale vum Kaploun Achille Bundangandu a gesanglech ënnerstëtzt vun der Chorale Fëschbech – Angelsbierg – Schous zu Éiere vun der Patréinesch, der helleger Cäcilia.D’Chorale gouf dirigéiert vun der Dirigentin Théa Kass-Origer an den Organist op der Uergel war den Robert Depta.

No der Mass huet d’Chorale Fëschbech – Angelsbierg - Schous zwee generéis Donen iwwerginn, eng Kéier een Don vun 2000 € un d’Elterevereenegung « Een Häerz fir kriibskrank Kanner », vertrueden duerch hir Directrice Martine Wirtz, an en Don vun 1000€ un de Kierchefong Fëschbech / Miersch. Dës Zommen senn entstanen am Kader vum alljärleche Parfest am Juli, wat d’Chorale zu Schous op der Héicht organiséiert, an wat och dëst Joer erëm ee groussen Erfolleg war. An d’Chorale huet och dëst Joer, d’selwecht wéi déi Jore virdrun, decidéiert dësen Erfolleg ze deelen a karitativ Wierker ze ënnerstëtzen.

Zum Ofschloss huet d’Chorale all déi Léit invitéiert déi um Parfest gehollef hunn an dozou bäigedroen hunn dass et sou een Erfolleg gëtt, fir zesumme bei de Restaurant Faust op Longsdorf iessen ze goen. Den Präsident Hubert Lanckohr huet a senger Ried, senger Chorale an all deene Fräiwëllege Merci gesot fir hiert grousst Engagement ouni si, sou Aktiounen net realiséierbar wieren. Dono huet hien d’Wuert un d’Martine Wirtz ginn, déi d’Aarbecht vun der Asbl « Een Häerz fir kriibskrank Kanner » kuerz erkläert huet a wat d’Asbl, mat dëse Sue mëscht fir déi krank Kanner an hir Famille bescht méiglech ze ënnerstëtzen  an op hirem Wee ze begleeden.