Teach's de Bal spent un Een Häerz fir kriibskrank Kanner an ALAN

Beim Méchel zu Miersch huet d'Asbl Teach'sde Bal hiren Don vum Teach's de Bal XVI iwwerreecht. D'Associatiounen ALAN - Maladies Rares Luxembourg an Een Häerz fir kriibskrank Kanner asbl gi mat der stolzer Zomm vun am ganzen 10000€ vun der Asbl ënnerstëtzt.

Teachs'de Bal asbl gëtt e grousse Merci un hir Sponsoren, hir Partner d'Fabrik, dem Carlos vum Atelier 33 an der Administration communale de Mersch, well ouni déi Ënnerstëtzung ass esou e groussen Event net méiglech!
Zu gudder Läscht dann e Merci un all déi trei (an och déi nei) Clienten vum Teach's de Bal, dir hutt de Bal zu deem gemaach, wat en haut ass, an erméiglecht eis esou Don'en