Zäitraffer-Clip: Gudde Moie Befort

E Freidig, den 30. August, konnt een nit nëmmen zu Befort ee schéine Sonnenopgank genéissen. Déi folgend Time-lapse op YouTube weist de Sonnenopgank an der fréier Mueresstonn. Am Hannergronn gesäit een d'Récksäit vun der Beforter Schoul.

Bei enger Time-lapse gëtt am nämlechten Intervall iwwer eng länger Zäit eng Foto gemeet an duerno zu engem Video zusummegestallt.