Zweet Woch vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle"

Déi zweet Woch vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" huet gëschter Owend d'Virgrupp "Hella Donna" agelaut. No engem douce Lidd, bei deem nëmmen d'Sängerin d'Anita Karabas an de Keyboarder Davor Pinter op der Bühn woren, gung ët duerno méi poppeg virun. Op jidde Fall wor d'Publikum méi wéi benzeg op den Headliner vum Owend: Revolverheld.

Iwwer 2000 Zuschauer virun der herrlecher Kuliss vum Beforter Schlass sinn nit enttäuscht ginn. Besonnesch vill jonk Fans, an nit nëmme déi, wore méi wéi begeeschtert vum Optrëtt vun hiren Helden. Zwee vun hinne wäerten den Optrëtt nie vergiessen. Si hunn nämlech mat op d'Bühn goen an vun do aus d'Atmosphär materliewen a genéissen. Zum Schluss gouf ët och eng Iwwerraschung. Beim éischte Lidd vun der Zugab stung d'Band nit op der Bühn mais am Schlasstuerm. Och d'Wieder huet matgespillt a sou konnt jiddereen zefridden Heem goen.

Den Optakt vun der zweeter Woch a Biller...