Generalversammlung vun de Loups Blancs

De Lycée Privée Emile Metz huet ee ganz gudden an engagéierte Scoutsgrupp, neemlech d’Loups Blancs, déi all Joers vill flott Aktivitéiten hunn, wéi dat op hirer Generalversammlung och dëst Joer nees däitlech gouf. Nieft dem Verkaf vu Käschten a Glühwäin, engem Hierkenowend am Lycée, regelméissege Schaffweekender, Formatiounen, de jeeweilege Campen, dem Matmaachen op de Portes Ouvertë vun der Schoul, dem Deelhuelen um Fakelzug op Nationalfeierdag an der Ënnerstëtzung vum ING-Marathon, huet dëst Joer eng Saach besonnesch ervirgestach, neemlech hire Summercamp an Irland vum 03. bis den 18. August 2018. Dëse Camp ass, wéi d’PowerPoint Presentatioun vum Gruppechef gewisen huet, ee groussen Erfolleg gewiescht, deen der Jugend immens vill bruecht huet. Kee Wonner also, datt d’Direktioun vum LPEM, den H. Thill an d’Mme Berchem, houfreg sinn op d’Loups Blancs a si mat alle Mëttel ënnerstëtzen. Ma d’Loups Blancs sinn och dankbar fir de Subside an d’Entgéintkomme vun der Ville de Luxembourg.

Well also alles gutt klappt an d’Finanze stëmmen – d’Caissërevisoren hunn hir Zefriddenheet an hiert Vertrauen zum Ausdrock bruecht –, kënnen d’Loups Blancs dat neit Joer mat nees engem flotte Programm an d’A faassen; a wa si esou weiderfuere wéi bis ewell, wäerte si och an Zukunft ëmmer nees Schüler/innen fir d’Ideal vun de Scoute begeeschtert kréien. De LPEM huet op jiddfer Fall d’Chance, senge Schüler/innen nieft villen aneren Aktivitéiten och dës sënnvoll Aktivitéit unzebidden; an d’Loups Blancs sinn dank hirer kompetenter Equipp vu Cheffen zu 100% engagéiert.