125 Joer Harmonie Victoria Téiteng

Happy Birthday Harmonie Victoria. Zu Téiteng ass den 125. Gebuertsdag vun der Musek gefeiert ginn. E Joer laang ass gefeiert ginn.

E vun den Héichpunkte war den neie Fändel, deen zu Téiteng an der Kierch geweit ginn ass. Op der enger Säit de Veräinsnumm, den Datum an d'Haaptmotiv aus der Flûtestëmm vum Pol Belardi sengem flotte Marsch "Victoria" déi hien extra fir dëse Jubiläum geschriwwen huet. Op der anerer Säit d'Instrumenter déi an engem Harmonieorchester zum Asaz kommen, de neie Proufsall an d'Schungfabrik wou d'Harmonie Victoria hir wichtegst Concerte spillt. De Fändel gouf entworf vum Künstler a Grafiker Eugène Kalmus. Gestëft gouf de Fändel vun de Giedelen a Pätteren, Blaise-Baum Marie-France, Gryseleyn-Lydorf Elfi, Humbert-Kalmes Josée, Schmartz-Eck Carine, Schmit Lucie, Schneider-Moes Henriette, Steinmetz Lilliane, Thiel Odette, Thill-Schneider Chantal, Treinen-Dahm Claudine, Waldbillig Ady, Borgmeier Ali, Calmes Georges, Gryseleyn Leo, Humbert Marcel, Krier Roger, Parrasch Armand a Weber Leon.

Op der Scéance Académique hunn, begleet vum Harmonieorchester vum Escher Conservatoire, déi Verantwortlech vum Veräin an der Gemeng sech un déi Vergaange Jore vun der Harmonie Victoria erënnert.

Fir d’Feierlechkeeten of ze schléissen hunn déi dräi Museken aus dem Käldall, d’Harmonie Municipale vu Rëmeleng, d’Harmonie Ste Cécile vu Käl an d’Harmonie Victoria vun Téiteng sech zesumme gedinn fir mat engem flotte Concert z’iwwerzeegen, a bis an de Moien eran mat den Noisemakers ze danzen.