Gerneralversammlung der Loups Blancs

E Freideg de 24. November hat de Scoutsgrupp vum Lycée Technique Privé Emile Metz, d’Loups Blancs, dee seit 1915 besteet, seng Generalversammlung. Et gouf och dëst Joer nees klor, wéi gutt dëse Veräi funktionnéiert a wéi sënnvoll a spannend et fir Jugendlecher ass, Scout ze sinn.

No der Begréissung an enger kuerzer Usprooch vum President Marc Kollwelter, huet de Sekretär vum Comité Jean Weiler de Rapport vun de Comitésaktivitéite gemaach, ier den Yves Streff dunns ee ganz beandrockenden Diaporama iwwert de Loups Blancs hir Aktivitéite vum leschte Joer gewisen huet. Nieft Schaffweekender ëm den eegene Chalet, Formatiounsweekender, dem jäerleche Verkaf vu Käschten an der Groussgaass, dem traditionellen Hierke- respektiv Spaghettisowend am LTPEM, dem Bake vu Fueskichelcher an der Bedeelegung un der Porte Ouverte vum Lycee, gouf et an der Ouschtervakanz ee flotte Camp zesumme mat de Lions Bleus an de Mamer Wiselen (Ardennertrail, Iwwernuechten a Biwaken), an d’Loups Blancs hunn nieft 300 Guiden a Scoute vun der FNEL an der Summervakanz um Federalcamp Sauvage 2017 a Bayern deelgeholl.

Nom flotte Réckbléck vum Yves Streff huet dunns de Caissier säi Rapport vun der Keess, déi mustergülteg gefouert ass, gemaach, an dobaï eng positiv Bilanz kënnen zéien, an zwar ënner anerem och dank zwee Subsiden, neemlech deem vun der Stad Lëtzebuerg an deem vum LTPEM, fir déi Loups Blancs ausgeprachen dankbar sinn.

Weider goung et dunns mat der Opnam vun zwee neie Memberen an de Comité, an et koum den Ausbléck op dat neit Joer. Hei huet besonnesch dee geplangte Camp an der Summervakanz fir Begeeschterung gesuergt. D’Loups Blancs hunn en effet nieft dem alljäerleche Camp an der Ouschtervakanz an engem Camp an der Päischtvakanz (bei Kolmer-Bierg) vir, am Summer eng Rondrees vu 15 Deeg an Irland ze maachen (mat Visite vu Belfast a vu Dublin). Wéi hire Lycee, den LTPEM, stinn d’Loups Blancs och fir Kompetenz, Erausfuerderung, Organisatioun an Opbroch. Kee Wonner also, datt den H. Direkter Theo Thill houfreg op d’Loups Blancs ass an dat och a senger Usprooch ervirgehuewen huet. Hien huet deem gutt funktionéirende Veräi seng Gléckwënsch a seng Unerkennung ausgedréckt a si motivéiert, esou weiderzemaachen.

No der Generalversammlung hunn d’Loups Blancs dunns och nach am Sënn vu Gesellegkeet a gudder Laun dofir gesuergt, datt keen huet missen hongreg heemgoen.