“Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden“

de 05. Oktober 2019 zu Téiteng an der Schungfabrik
ënner dem Patronage vun der hollännescher Ambassade a vun der Käler Gemeng

Et ass dem Organisatiounscomité vun 125 Joer Harmonie Victoria Téiteng gelongen, d’Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden ënner der Direktioun vum Jan Cober z’engagéieren. D‘Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden, déi 1880 gegrënnt gouf, zielt haut zu deene beschte Blosmuseken an Europa. Zanter 2005 ginn si all Joer vum André Rieu fir säin Open-Air-Concert zu Maastricht agelueden. 2009 an 2013 sinn d‘Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden mam Titel als Weltmeeschter beim World Music Contest zu Kerkrade belount ginn.

Et ass net aus Zoufall, wou d’Harmonie Victoria d’ d’Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden invitéiert huet. De Chef vun der Harmonie Victoria, de Gilles Burgund huet seng Direktioun bei Stagë mam Jan Cober perfektionéiert. 2 mol stoung d'Téitenger Musek bei esou Stagen dem Jan Cober an de Dirigenten déi um Stage deelgeholl zur Verfügung. Duerch dës flott Erfarung lung et op der Hand, dass e Concert vun der Koninklijke Harmonie Sainte Cécile Eijsden net sollt um Programm vun de Feierlechkeete feelen. (Virverkaf : www.hvt.lu)