Beddler: De Jos Havermans kritt 90 Jar

Elo ass et geschwënn esou wäit : De Jos Havermans kritt seng 90 Jar, an dat bei beschter Gesondheet. De 5. Juli 1928 ass hien op d’Welt komm fir duerno aktiv op deene verschiddenste Plazen ze sinn. Niewent senger Aarbecht war hien och a ville Veräiner aktiv : Lënster Senioren, Gesangveräin vun Hiefenech a vu Jonglënster, Amiperas Hiefenech, Oldtimer-Club fir Veterane vu Lëtzebuergm, der Belsch an Däitschland. Hie war och Vizepresident vun der Personalvertriedung bei Electro-Auto. Haut ass hien nach aktiv an der Lënster Chorale an de Lënster Senioren. Säi gréissten Hobby ass awer d’Aarbécht a sengem grousse Gaart zu Nusbaum (D), wou hien d’ganz Strooss mat Geméis versuergt. All seng Frënn a Bekannte wënschen dem Jos alll Guddes a weiderhin eng stabil Gesondheet