75, Gebuertsdag Chorale Mixte Berdorf

06
Jul
2025
06 Jul 09 Jul

Fir de 75. Gebuertsdag vun der Chorale Mixte Berdorf huet d’Chorale Berdorf Consdorf & friends e flotte Concert gesongen. Et war eng musikalesch Rees duerch 75 Jar Gesank ënnert der Direktioun vum Daniel Lang. Ennerstëtzt guf de Chouer vun der Sopranistin Esther Conter, um Fligel Étienne Prouvay, op der Perkussioun Michel Mootz an um Bass Romain Boden.

De Concert ass opgewäert ginn duerch d’Presenz vum Minister Gloden an och Deputéierten aus dem Osten suwi all Gemengenautoritéiten mat un der Spëtzt de Buergermeester Joe Nilles.

De Programm huet begeestert an d’Stëmmung ass vum Chouer ass op d’Publikum iwwergesprongen an huet e bleiwenden Androck hannerlooss.

De Chouer huet domat bewisen, datt ganz ënnerschiddlech musikalesch Literatur och an engem eenzege Concert kann opgefouert ginn a fir all Goût eppes derbäi war.

Et bleift ze hoffen, datt doduerch nach mi Lett sech fir déi herrlech Chouermusek kënne begeesteren.

Foto Jemp Origer

Text: CBC