Am Kader vun de Feieren vun , 75 Jar Chorale Mixte Berdorf, huet de Grupp Metal & Pipes mam Paul Kayser an der Band ShadoWisperS e ganz aussergewéinleche Concert vun héchster Qualitéit an der Kierch ginn. D’Zesummespill vun der Band mat der Uergel war perfekt.
D’Kierch war bis op déi lescht Plaz gefëllt. De Concert war vun de Pappen & Männer vu Bäertref gesponsert. D’Blummenarrangementer ware vum Viviane Clemens-Hoffmann gestëft.
D’Publikum war begeeschtert an huet dem Ensembel duerch unhalenden Applaus Merci gesot.
Foto: Jemp Origer Text: CBC