Am Kader vun de Feieren vu 75 Jar Chorale Mixte Berdorf huet d’Chorale Berdorf- Consdorf eng feierlech Kiermesmass gesongen. Enner anerem goufe Wierker vu Gounot, Mozart, Beethoven an Amy Beach ënnert der Direktioun vum Daniel Lang mat vill Enthusiasmus gesongen. De Rosch Mirkes op der Uergel huet nees eng Kéier säi künstleresche Kënnen ënner Beweis gestallt.
Bäi der Geleeënheet huet de Veräin dem Carlo Morbach e Kaddo iwwerreecht fir säi 40. Priisterjubiläum. De ganze Chouer CBC wënscht dem Carlo nach vill schéi Jaren a sengem Wierken als Priister derbäi.
Foto: Jemp Origer
Text: CBC