Bäertref: Platinhochzäit (70 Joer) vum Johny a Lotty Schmit-Schmit

Et ass e Gebuertsdag dee wierklech net oft ka gefeiert ginn. De leschten 12. November hunn den Här Jean Adolphe Schmit genannt de Johny an d’Charlotte Schmit hire 70, Hochzäitsdag, och nach Platinhochzäit oder Gnodenhochzäit genannt, gefeiert.

Am Krees vun der Famill gouf dëse aussergewéinlechen Evenement um Dag selwer am Kulturzentrum “A Schmadds” zu Bäertref gefeiert. E flotte Moment, wou ganz vill Anekdoten ausgetosch an Erënnerungen opgefrëscht goufen

De Johny gebuer 1932 zu Déifferdeng, méi präzis zu Uewerkuer, an d’Lotty gebuer 1936 zu Pétange hunn sech den 12.11.1953 zu Déifferdeng op der Gemeng d’Jo-Wuert ginn an och de gréissten Deel vun hirem Liewen an dëser Minettmetropole verbruecht. Et war villäicht den Zoufall, dass si allen zwéi Schmit geheescht hunn, dass dës Bestietnes esou laang gehalen huet. De Johny huet vun 1951 bis 1989 op der Schmelz geschafft a war do niewent mat Leif a Séil Pompjee, dat säit 1948, a laang Zäit Ënnerkommandant am Uewerkuerer Pompjeescorps.

Dräi Kanner 6 Enkelkanner a bis elo 2 Urenkele sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. An senger Pensioun huet d ‘Famill Schmit ëfters de Wee an de Mëllerdall fonnt vir spadséieren oder gutt iessen ze goen. A wëll et hinnen esou gutt hei gefall huet, sinn si dunn 2020 an d’Seniorenresidenz Am Parc wunne komm. Et ass ëmmer flott e puer Wierder mat der hinnen auszetauschen, déi sech ganz wuel fillen an eiser Gemeng

Natierlech huet de Schäfferot drop gehalen der sympathescher Koppel perséinlech zu dësem Gebuertsdag ze wënschen, an huet hinnen am Numm vun der Bierger aus der Gemeng déi beschte Gléckwënsch iwwerbruecht.

Mir hoffen dass mir der Madamm Schmit an dräi Joer fir hiren 90. Gebuertsdag an der Koppel a fënnef Joer fir hiren 75. Hochzäitsdag gratuléieren kenne, a wënschen hinnen nach weider eng gutt Gesondheet.