De leschten 12. Mäerz huet d’Madamm Schmit Charlotte hiren 90. Gebuertsdag gefeiert. Mat hirem Mann Adolphe, deen och schons 93 Joer al ass, wunnt sie an der Seniorenresidenz “Am Parc” zu Bäertref, wou d’Vertréider vun der Gemeng sie besicht hun fir hier déi beschte Gléckwënsch vun de Bierger aus der Gemeng ze iwwerbréngen.
Gebuer 1936 zu Rodange huet d’Madamm Schmit bal hiert ganz Léiwen an der Minettemetropole verbruecht. Schons 1953 huet sie den Adolphe Schmit vun Uewerkuer zu Déifferdeng bestuet. Sie hun also virun dräi Joer e besonneschen Jubiläum, hiren 70. Hochzäitsdag gefeiert. Dräi Kanner 6 Enkelkanner a bis elo 2 Urenkele sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. D‘Famill Schmit huet an der Zäit öfters de Wee an de Mëllerdall fonnt vir spadséieren oder gutt iessen ze goen. A wëll et hinnen esou gutt hei gefall huet, si séi dunn 2020 an d’Seniorenresidenz Am Parc wunne komm. An och haut, wann d’Gesondheet et zouléisst, ginn sie nach gären an d’Restauranten aus dem Duerf e klénge Maufel iessen.
Mir wënschen dem Charlotte nach weider eng gutt Gesondheet an nach e puer Joren derbäi.